Piraten fir d'Senioren

Piraten fir d'Senioren Häerzlech Wëllkomm op eiser Säit fir Iech. Op dëser Säit fann dir all d'Informatiounen an Neiegkeeten zum Thema Senioren a Drëtten Alter.

01/09/2023

Wien e laangt Liewen hannert sech huet soll de Liewensowend och genéisse kënnen ouni Aarmut!

Konkret Léisunge fir Altersaarmut ze verhënnere si fir eis ë.a.:
* bezuelbar a qualitativ Zëmmer an Alters- a Pfleegeheemer
* eng Mindestrent vun där ee Liewe kann
* Wittleit net zousätzlech belaaschten
* keng Reduzéierung vun der Rent duerch den Doud vum Partner

28/01/2023

! Dëse Post soll an daerf gaere gedeelt ginn !
Eise Pressecommuniqué vum 27-1-2023 :
Skandaléis Zoustänn an der Gemeng Lëtzebuerg
Aus engem kierzleche bei reporter.lu publizéierten Artikel ass gewuer ze ginn, datt an der Gemeng Lëtzebuerg zënter méi wéi 2 Joer, 4 vu 7 bezugsfaerdegen Haiser eidel stinn, well d’administrativ Mille vun der Gemeng ze lues dréien.

De Pascal Clement (Co-Spëtzekandidat vun de Piraten) seet: « An Zäite vun akutem Wunnengsmangel kann een dësen Zoustand just als skandaléis an onentschëllegbar bezeechnen. Hei gëtt de Geck mat de Léit gemaach déi zënter Méint op eng Wunneng waarden. »
« Wann d’Auswalprozedure sech wierklech iwwer Méint dohin zéien, wär et dann net méiglech d’Wunnenge wärend där Zäit der Agence Immobilière Sociale ze iwerloossen? » freet sech d’ Marie-Marthe Muller (Co-Spëtzekandidatin vun de Piraten)
Fir dësem a weidere Mëssstänn entgéint ze wierken, fuerderen d'Stater Piraten, wéi och schon 2017 an hirem Walprogramm:
- Grënnung vun enger stättescher Wunnengsbaugesellschaft
- Investéieren an de Wunnengsbau vun engem Deel vun de beträchtlechen stättesche Finanzreserven
- Bebaue vun de kommunale Baulandreserve mat lokative Sozialwunnengen

MATENEE FIR ENG STAD FIR JIDDEREEN
Kontakt : [email protected] / tél: 20 33 37 90

10/10/2022
09/10/2022
06/09/2022

Zanter JOREN geet et net weider bei der Psychotherapie. Et ass jo net esou als wier Gesondheet e Luxus. A bei mentaler Gesondheet geet et wuertwiertlech och em Liewen an Doud. Net ëmmer, mee vill ze heefeg. Dofir musse mer ENDLECH weiderkommen.

Dofir hu mir als Piraten haut eng dréngend Sëtzung vun det Sozialversécherungskommissioun gefuerdert!

Schéine Sonndeg a passt op Iech op 😎RTL.lu: Nationale Wiederdéngscht: "Avis de chaleur" fir dat ganzt Land, Temperature ...
14/08/2022

Schéine Sonndeg a passt op Iech op 😎

RTL.lu: Nationale Wiederdéngscht: "Avis de chaleur" fir dat ganzt Land, Temperature bis 33 Grad gemellt
Nieft der "alerte jaune" vum Nationale Wiederdéngscht wéinst den héijen Temperaturen, heescht et och beim Ozon opzepassen.

Nieft der "alerte jaune" vum Nationale Wiederdéngscht wéinst den héijen Temperaturen, heescht et och beim Ozon opzepassen.

03/08/2022

Et ass erëm ee waarmen an dréchene Summer zu Lëtzebuerg. De Juli war ee vun deene sonnegsten zanterdeem d’Wieder gemooss gëtt. De Klimawandel ass keen Zukunftsszenario méi, mee eist Land ass elo mattendran. Déi aktuell Read more...

03/08/2022

Son périple pourrait faire pâlir d’envie les plus jeunes. À presque 80 ans, Régis de Pompignan a décidé de marcher de Nîmes à Brest, soit près de 1 400 km. Il veut cha...

01/08/2022

Ahoi un all eis nei Memberen! 💜

Mir organiséieren deemnächst nach 2 Piratepatten. 🍾

Hei geet et drëm fir sech selwer ënnereneen, an natierlech och d'Partei kennenzeléieren. 😁

Wéi funktionéieren d'Piraten?
Wien schafft alles do, an u wien kann ech mech wenden wann ech Froen hunn?

Dir sitt nach net Member? Klickt einfach op de Link: https://piraten.lu/member-ginn/ oder kontaktéiert eis iwwer [email protected]

Wann dir iech umelle wëllt, da schreift eis eng Email op [email protected] oder rufft eis um 203337 un.

Adresse

Luxembourg

Téléphone

+352206066

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Piraten fir d'Senioren publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Piraten fir d'Senioren:

Partager