20/08/2026
Mat grousser Trauer huele mir Abschid vum Nicolas âNĂ©ckelâ Strotz, enger bekannter a geschĂ€tzter politescher PersĂ©inlechkeet aus dem Osten.
Als CSV-Deputéierten, Buergermeeschter vun der Gemeng Welleschten an CSV-Osten-Bezierksprësident huet hien iwwer vill Joren eng wichteg Roll am politeschen a gesellschaftleche Liewe gespillt.
Vun 1989 bis 2004 war hie fir dâCSV an der Chamber. Hien huet sech vill fir dâLeit an den Osten agesat, sĂ€in Doheem, dat him Ă«mmer staark um HĂ€erz louch.
SĂ€in Engagement fir dâGemeinschaft huet sech och iwwer vill Joren am PompjeesdĂ©ngscht gewisen, wou hien sech mat vill HĂ€erzblutt agesat huet.
Mir wÀerten den Néckel a ganz perséinlecher a respektvoller Erënnerung behalen.
Eist hÀerzlechst BÀileed a déifst Matgefill geet u seng Famill an un all seng Léifsten. Mir wënschen hinnen an dëser schwéierer ZÀit vill Kraaft a Courage.