08/09/2026
Manner Suen a Kricher. Méi Investitiounen an d’Leit. 🇱🇺🇪🇺
🚗 An engem däitsche VW-Wierk sollen an Zukunft keng Autoen méi gebaut ginn, mee Komponenten a Systemer fir d’Waffenindustrie. Als éischte Projet ass eng Zesummenaarbecht mam israeelesche Rüstungskonzern Rafael virgesinn.
Dat ass schonn eng Entwécklung, déi ee kritesch muss hannerfroen.
Ech fannen et besonnesch problematesch, datt grad elo, wou Israel wéinst dem Krich an der Regioun an de schwéiere Virwërf ronderëm d’Vorgehen a Gaza massiv an der Kritik steet, europäesch Produktiounskapazitéiten ëmmer méi enk mat der israeelescher Rüstungsindustrie verbonne ginn.
An och nom Krich tëscht Israel, den USA an dem Iran dëst Joer sollte mir eis eng fundamental Fro stellen: Wëlle mir wierklech, datt Europa ëmmer méi zu enger Waffeschmëtt gëtt? De Konflikt mam Iran huet gewisen, wéi séier eng Eskalatioun eng ganz Regioun an doriwwer eraus destabiliséiere kann.
🇪🇺 Europa muss sech verdeedege kënnen. Mee mir däerfen net an eng Spirale geroden, wou ëmmer méi Milliarden a Waffen a Kricher fléissen, während d’Leit hei all Dag mat héije Präisser, Wunnengsnout an enger ëmmer méi grousser finanzieller Belaaschtung kämpfen.
💶 All Euro kann nëmmen eemol ausgi ginn. Eis Prioritéit muss dofir och sinn, an eis Leit ze investéieren: an bezuelbaart Wunnen, Bildung, Gesondheet, Famillen an eng staark Wirtschaft.
👉 Sécherheet ass wichteg. Mee Sécherheet bedeit net nëmme méi Waffen. Sécherheet bedeit och, datt d’Leit sech hiert Liewe nach leeschte kënnen an eng Perspektiv fir d’Zukunft hunn.