déi gréng Réimech

déi gréng Réimech déi gréng Réimech
Eng motivéiert an dynamech gréng Equipe mat politecher Erfahrung.

Mateneen a net géinteneen am Interessi vun alle Matbiergerinnen a Matbierger vun der Stad Réimech.

06/09/2026
17/08/2026

Lëtzebuerg ass voller Damp. A wéi reagéiert d'Regierung? Wou ass d'Warnung? Wou sinn d'Informatiounen?💨

Den Damp, deen aktuell iwwer Lëtzebuerg läit, ass net nëmmen "sténkeg", en ass och geféierlech. Déi héich Fäinstëbsbelaaschtung kann och Konsequenze fir eis Gesondheet hunn. Einfach just ze soen, d'Fënsteren an d'Dieren zouzemaachen, geet net duer.

Wiederstatiounen wéi Météo Réimech a Météo Boulaide hunn héich Feinstaubwäerter registréiert an d'Loftqualitéit gëtt op verschiddene Plazen als schlecht agestuuft.

Besonnesch PM2.5 ass problematesch, well dës ganz kleng Partikelen déif an d'Longe kënnen andréngen. Méiglech Konsequenze sinn Houscht, irritéiert Aen an Otemweeër, Otemproblemer oder eng Verschlechterung vun Asthma. Grad vulnerabel Leit musse sech ELO schützen.

An wat seet d'Regierung? Wou ass déi kloer an zentral Warnung vun hinnen?
Aktuell mussen d'Leit sech d'Informatiounen iwwer d'Loftqualitéit an déi néideg Schutzmoossnamen op verschiddene Säite selwer zesummesichen. Grad an esou enger Situatioun brauch et awer eng séier, zentral, séier a verständlech Kommunikatioun.

D'Leit missten ELO kloer informéiert ginn:
➡️ Aktivitéiten a Sport dobausse reduzéieren.
➡️ Kierperlech Ustrengung am Fräie limitéieren.
➡️ Fënsteren an Dieren zouhalen a Ventilatiounen ofschalten
➡️ Besonnesch Kanner, eeler Leit a vulnerabel Persoune schützen.
➡️ Bei Otemnout oder staarke Beschwerden medezinesch Hëllef sichen.

Mir fuerderen d'Regierung op, hir Verantwortung ze iwwerhuelen an d'Bevëlkerung kloer, zentral a séier ze informéieren.

A virun allem soe mir MERCI un all d'Pompjeeën, Secouristen, Baueren a Fräiwëlleger, déi aktuell géint d'Feier kämpfen an d'Leit schützen 🙏

Merci fir är Engagement
11/06/2026

Merci fir är Engagement

Haut ass eiser Bomi hiren 100ste Gebuertsdag.

Eis Bomi war eng staark, engagéiert, couragéiert Fra, déi sech an den 70er Joren mat aller Iwwerzeegung géint de Bau vun engem Atomkraaftwierk zu Remerschen, sou wéi zu Cattenom, agesat huet.

Si huet sech getraut onbequem Froen ze stellen, an enger Zäit, wou dat fir eng Fra „net ubruecht war“.
Si huet sech net ënner kréie gelooss, a sech mat aller Energie fir eng nohalteg Zukunft fir déi kommend Generatiounen agesat.

Haut den Owend, gëtt zu hiren Éieren, zu Peppeng am Réiserbann, eng Strooss no hier benannt an ageweiht🌻

Place du Marché zu Réimech ... Problem mat dem Stau wéinst dem futtisen Capteur: Anscheinend war jo kee Stau wou d'Luuch...
01/06/2026

Place du Marché zu Réimech ... Problem mat dem Stau wéinst dem futtisen Capteur: Anscheinend war jo kee Stau wou d'Luuchten net richteg gaange sinn.

Effekitf stoung e just 2 Minutten bei der rouder Luucht .. mee eng hallef Stonn am Stau bis ee bei der rouder Luucht war.

Gutt ass dat moies QP erausgangen ass a mëttes déi provisoresch Léisung en Place woar .. a secher elo nach en Place ass.

Dann hoffe mir eemol op eng geschwënn erëm funktionéierend Luucht....
06/05/2026

Dann hoffe mir eemol op eng geschwënn erëm funktionéierend Luucht....

16/01/2026
Schoul Gewännchen Déi Gréng sind mit dem Projekt grundsätzlich einverstanden, sie machen sich nur Sorgen, weil das Schul...
11/12/2025

Schoul Gewännchen

Déi Gréng sind mit dem Projekt grundsätzlich einverstanden, sie machen sich nur Sorgen, weil das Schulhaus so nah an der viel befahrenen Route de l‘Europe steht. „Das könnte zur Gefahrensituation für die Kinder werden, wenn sie die Straße überqueren“, meint Fraktionssprecher Jean-Paul Wiltz. Er befürchtet außerdem, dass viele Eltern an der Bushaltestelle an der Route de l‘Europe anhalten würden, um ihre Kinder direkt vor der Schule abzusetzen. Dadurch könnte es zu Verkehrsbehinderungen kommen.

https://www.wort.lu/luxemburg/osten/remich-beginnt-mit-schulneubau-im-stadtzentrum/111875939.html?utm_medium=referral&utm_campaign=share

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque déi gréng Réimech publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à déi gréng Réimech:

Raccourcis

Partager