Kontaktéiert eis, mir sinn fir Iech do
5 rue de la Gare
L-7773 Bissen(Luxembourg)
Tél. 26.88.58.90 CSV Biissen ass d'Lokal Sektioun an der Gemeng Bissen vun der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei, déi grouss Lëtzebuerger Vollekspartei vun der sozialer Mëtt. Eis Prioritéiten an der Gemengepolitik leien op enger enger biergernoer, kannerfrëndlecher, lieweger, fairer an eng secherer Gemeng.
1. Biergerno Gemengen: D’CSV wëll eng lieweg Demokratie an de Gemengen. Dofir sollen déi demokratesch Verfahre gestäerkt ginn. D’Bierger hunn d’Recht méiglechst fréi a regelméisseg iwwert d’Politik informéiert ze ginn. D’Méiglechkeet fir Matzeschwätzen a Matzeentscheede soll gefördert ginn.
2. Kannerfrëndlech Gemengen: D’CSV wëll kanner- a familljefrëndlech Gemengen.
3. Sécher Gemengen: D’CSV setzt sech fir d’Sécherheet an den Ordre public um lokale Plang an.
4. Fair Gemengen: D’CSV wëll de sozialen Zesummenhalt stäerken an all Awunner zur Bedeelegung um gemeinschaftleche Liewen an der Gemeng alueden.
5. Lieweg Gemengen: D’CSV wëll d’Matenee förderen a setzt sech dofir staark an fir d’lokal Veräiner, ewéi och fir d’Schafen an d’Erhale vun de néidegen ëffentleche Plazen an Infrastrukturen, wou d’Awunner sech am Alldag a bei speziellen Uläss begéine kënnen.
6. Nohalteg Gemengen: D’CSV suergt dofir, datt Entscheedunge vun haut net op Käschte vun de nächste Generatiounen, eise Kanner a Kandskanner, getraff ginn.