16/07/2026
Ab September stellt sech d’CSV Fraktioun néi op.
Den Tom Peiffer huet sech besonnesch duerch seng pädagogesch Kompetenzen als Enseignant a senger Functioun als Präsident vun der Schoulcommissioun bewisen. Passionéiert, energesch a mat vill Motivatioun huet hien do seng Akzenter mat dobäi ginn, wou et méiglech war.
Hien huet sech elo awer leider entscheed een néit Kapitel a sengem Liewen anzeschloen a säi Mandat opzeginn.
Op dëser Plaz soe mir dem Tom ee grousse Merci fir säin Engagement a wënschen him fir säin zukünftege Liewenswee nëmmen dat Bäscht.
Mir begréissen dann och ganz häerzlech d’Elisabeth Wagner an eiser CSV Fraktioun, wat dann offiziell no der Summervakanz d‘Mandat am Gemengerot iwwerhëllt.
Als CSV Ettelbréck Waarken sëtze mir eis weiderhin fir iech an a gi gestäerkt als Ekipp zesummen an d‘Zukunft 💪🏽
D‘Kommunikatioun an de ganze Bäitrag fannt Dir am folgende Link ab Min. 9:00