Jonk Demokraten

Jonk Demokraten www.jonkdemokraten.lu [email protected] twitter.com/jonkdemokraten

đŸŒĄïž HĂ«tzt ass kee Komfortproblem – si ass eng Gesondheetsfro.D’Summere ginn Ă«mmer mĂ©i waarm. Eis Schoulen, Verwaltungen, ...
31/07/2026

đŸŒĄïž HĂ«tzt ass kee Komfortproblem – si ass eng Gesondheetsfro.

D’Summere ginn Ă«mmer mĂ©i waarm. Eis Schoulen, Verwaltungen, Spideeler a Fleegestrukture mussen dofir besser gĂ©int IwwerhĂ«tzung geschĂŒtzt ginn.

🌿 Éischt PrioritĂ©it hunn Ă«mmer passiv Moossnamen: Beschattung, Isolatioun, BegrĂ©ngung an Nuetsventilatioun. Mee wann dat net duergeet, dĂ€erf eng effizient Ofkillung kee Tabu mĂ©i sinn.

Besonnesch Kanner, eeler Leit a vulnerabel Persoune brauchen och wÀrend Hëtztwellen sécher an agreabel Raim.

👉 D’Jonk Demokraten fuerderen:
✅ e verbindlechen HĂ«tzeschutz-Standard vu maximal 26 °C an Ă«ffentleche Gebaier,
✅ geziilt Investitiounen a modern Kill- a BelĂ«ftungssystemer,
✅ an eng verantwortungsvoll Notzung vu Klimaanlagen (am Normalfall net Ă«nner 26 °C).

🔗 Weider Informatioune fannt dir am Link an de Kommentarer. 👇

Lëtzebuerg JonkDemokraten

📚 FĂ«rderen amplaz matschleefen! An de Klasse 7G a 6G ass et hautdesdaags nĂ«mme schwĂ©ier mĂ©iglech, fir duerchzefalen. Dac...
24/07/2026

📚 FĂ«rderen amplaz matschleefen!

An de Klasse 7G a 6G ass et hautdesdaags nëmme schwéier méiglech, fir duerchzefalen. Dacks gëtt een trotz viller Notten ënner 30 an déi nÀchst Klass promouvéiert. Doduerch sammele sech Lacunnen iwwer Joren un a ginn dacks eréischt an der 5G dÀitlech, genee dann, wa wichteg Decisiounen iwwert de weidere Bildungswee ustinn.

D’Jonk Demokraten fuerderen dofir eng Reform vun de PromotiounskrittĂ€ren am Niveau InfĂ©rieur vum ESG:

✅ mĂ©i frĂ©i a kloer RĂ©ckmeldungen
✅ obligatoresch a gezilt NohĂ«llef
✅ mĂ©i streng PromotiounskrittĂ€ren, fir datt eng Klass bei grĂ©isseren Defiziter muss widderholl ginn
✅ eng Ă©ierlech a realistesch OrientĂ©ierung
✅ eng StĂ€erkung vum DAP a CCP als glĂ€ichwĂ€erteg BildungsweeĂ«r

Eng Reform bedeit net, SchĂŒler ze bestrofen. Si bedeit, Schwieregkeete mĂ©i frĂ©i ze erkennen, d’SchĂŒler gezilt ze fĂ«rderen an hinnen eng fair Chance op eng erfollegrĂ€ich Zukunft ze ginn.

👉 Eng modern Schoul muss fĂ«rderen, awer dierf SchĂŒler net einfach matschleefen!

Den 11. Juli 2026 hunn d’Jonk Demokraten zu Uespelt hiren Nationalkongress ofgehalen an hir politesch PrioritĂ©ite fir dĂ©...
21/07/2026

Den 11. Juli 2026 hunn d’Jonk Demokraten zu Uespelt hiren Nationalkongress ofgehalen an hir politesch PrioritĂ©ite fir dĂ©i nĂ€chst MĂ©int presentĂ©iert.💙💛

De President Lou Linster huet méi Dynamik am Logement gefuerdert, wÀrend de SekretÀr Hugo Da Costa sech fir eng weltwÀit Agence fir kënschtlech Intelligenz ausgeschwat huet. De Vizepresident huet eng Reform vun de PromotiounskrittÀren am Niveau inférieur vum ESG gefuerdert.

Donieft huet de Pit Bichel sÀi Mandat als Tresorier ofginn. Mir soen him Merci fir sÀin Engagement a wënschen dem Leo Toum vill Erfolleg a sengem neien Amt.

📚 Geschicht geet eis all un!An enger ZĂ€it vun Desinformatioun a politesche Spannunge brauch eis Jugend mĂ©i wĂ©i jee e sta...
15/05/2026

📚 Geschicht geet eis all un!

An enger ZĂ€it vun Desinformatioun a politesche Spannunge brauch eis Jugend mĂ©i wĂ©i jee e staarken, moderne Geschichtsunterrecht. “Mir setzen eis dofir an, datt SchĂŒler net nĂ«mme Fakten auswenneg lĂ©ieren, mee lĂ©ieren ze hannerfroen, ze verstoen an sech eng eegestĂ€nneg Meenung ze bilden”, sou den Tom Elsey.

👉 MĂ©i kritescht Denken
👉 MĂ©i Bezuch zur haiteger Welt
👉 MĂ©i Praxis duerch Visitten a Projeten

Fir eis ass kloer: Wien d’Vergaangenheet versteet, kann d’Zukunft besser gestalten.

đŸ‡ȘđŸ‡ș Europa handlungsfĂ€eg maachen!D’EestĂ«mmegkeetsreegel am EuropĂ€esche Rot blockĂ©iert zĂ«nter Jore wichteg Reformen. D’ZĂ€i...
03/05/2026

đŸ‡ȘđŸ‡ș Europa handlungsfĂ€eg maachen!

D’EestĂ«mmegkeetsreegel am EuropĂ€esche Rot blockĂ©iert zĂ«nter Jore wichteg Reformen. D’ZĂ€it ass komm, fir dat ze Ă€nneren.
D‘Jonk Demokraten fuerderen:
âžĄïž En Enn vun der EestĂ«mmegkeet
âžĄïž Decisioune mat qualifizĂ©ierter MajoritĂ©it
âžĄïž Eng staark an decisiv EuropĂ€esch Unioun

Fir LĂ«tzebuerg steet vill um Spill: Eis SĂ©cherheet, eise Wuelstand an d’Zukunft vun der jonker Generatioun hĂ€nke vun enger staarker EU of, sou eise President Lou Linster.
👉 MĂ©i Informatioune fannt dir hei:https://www.jonkdemokraten.lu/wp-content/uploads/2026/05/Jonk-Demokraten-Europa-handlungsfahig-machen-Die-Einstimmigkeitsregel-gehort-abgeschafft.pdf

E Freideg hu sech d’Jonk Demokraten mat den DP Mandatairen am Strike Bowling um Houwald getraff, fir bei interessante Ge...
28/04/2026

E Freideg hu sech d’Jonk Demokraten mat den DP Mandatairen am Strike Bowling um Houwald getraff, fir bei interessante GesprĂ©icher an deenen eng oder anere Klatzen e flotten Owend ze verbrĂ©ngen.🎳🌇

Mir soen all eise Membere Merci, dĂ©i deen Dag de Wee bis an d’Stad fonnt hunn.â€ïžđŸ«¶đŸ»

👉 SĂ©cherheet viru Spektakel!No der tragescher Brandkatastroph Ugangs des Joers an der SchwĂ€iz, bei dĂ€r iwwer 40 jonk MĂ«n...
31/03/2026

👉 SĂ©cherheet viru Spektakel!

No der tragescher Brandkatastroph Ugangs des Joers an der SchwÀiz, bei dÀr iwwer 40 jonk Mënsche gestuerwe sinn, fuerdere mir als Jonk Demokraten kloer Mesuren:

đŸ”č Pyrotechnik an zouene Raim staark aschrĂ€nken, respektiv verbidden
đŸ”č Streng Oplage fir Ausnamen

🎯 Eist Zil: Liewe schĂŒtzen – net d‘Feierkultur aschrĂ€nken.

Sou Tragedien dÀerfe sech net widderhuelen.

29/03/2026

Illegalen Offall laanscht eis Stroossen an op Ă«ffentleche Plazen ass net akzeptabel. 🌍

Littering schuet eiser Ëmwelt, kascht de Steierzueler all Joers vill Suen a reduzĂ©iert eis LiewensqualitĂ©it.

D’Jonk Demokraten fuerderen eng konsequent Ëmsetzung vun der „Null-Offall“-Strategie an zousĂ€tzlech konkret Moossnamen op kommunalem Niveau: mĂ©i SensibilisĂ©ierung, innovativ Projeten, gratis OffallsĂ€ck op Problemplazen an mĂ©i streng Strofen.

Mir mussen elo handelen, fir eis Natur 🍃 a LiewensrĂ€im ze schĂŒtzen.

Kuckt de Video fir eis ganz Positioun!
Luxembourg

12/02/2026

Zu Letzebuerg stinn d’Chaufferen all Joer bis zu 179 Stonnen am Stau. Dat si bal 22 Congesdeeg. Doriwwer eraus klĂ«mmt duerch de ville Stau och d’Unzuel vun den Accidenter an d’Loftverschmotzung.

Fir desem Problem entgéintzewierken, fuerdere mir:
✅Eng Vitesslimitatioun vun 110 km/h op eisen Autobunnen am BeruffsverkĂ©ier (7h-9h & 15h30-18h30).
✅Eng VitesserhĂ©ijung op 110 km/h an den Autobunnstunnellen.
✅DĂ©i bestoend Vitesslimitatioun vun 90 km/h op der A1 an der A6 och owes anzefĂ©ieren.

âžĄïžDes Mesure bedeiten: Manner Accidenter, manner Stau, manner COz, manner KamĂ©idi a mĂ©i SĂ©cherheet fir jiddereen.

21/01/2026

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Jonk Demokraten publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager