CSJ CSJ - Oppen, Sozial a Responsabel Politik matgestalten ass sécher haart Aarbecht, mä mécht an enger dynamescher Equipe vu Jonken och Spaass.

Esou kriss du an der CSJ d’Méiglechkeet fir vill aner Jonker vu Lëtzebuerg an aus eisen europäeschen Partnerlänner kennenzeléieren. D’CSJ'ler sinn nämlech op de verschiddensten Niveau'en aktiv, sief et an de Gemengen, de Sektiounen a Bezierker, um nationalen oder internationale Plang. Ausserdeem offréiert d’CSJ senge Memberen zu deenen ënnerschiddlechste politeschen Themen Bildungscoursën an Aarbe

chtsgruppen. Niewent dëser politescher Funktioun gehéieren zur CSJ och kulturell a sportlech Fräizäitaktivitéiten, d’Feieren an natierlech de gemittleche Pättchen ënner Kolleginnen a Kollegen, dozou. Bass du interesséiert? Da komm an denk mat, schwätz mat, decidéier mat! Zesumme mat eis, an der CSJ!

Mir wënschen Iech all eng schéi Schoulrentrée🎓✏️
15/09/2026

Mir wënschen Iech all eng schéi Schoulrentrée🎓✏️

📚 Mir ginn dem Meisch eng Datz.Trotz Rekordinvestitiounen an eist Bildungssystem weisen d’Resultater an déi falsch Richt...
09/09/2026

📚 Mir ginn dem Meisch eng Datz.
Trotz Rekordinvestitiounen an eist Bildungssystem weisen d’Resultater an déi falsch Richtung. 37 % vun de Jonken erreechen net de Basisniveau am Liesen an an der Mathematik. Gläichzäiteg bleift d’Leeschtung staark vum sozioekonomeschen Hannergrond ofhängeg.

💶 Iwwer 248.000 € pro Schüler ginn investéiert. Vill Geld eleng garantéiert awer keng gutt Bildungspolitik. Entscheedend ass, wéi d’Moyenen agesat ginn a wat um Enn bei de Schüler ukënnt.

Dofir brauche mir eng kritesch Reevaluatioun vun der Bildungspolitik vum Minister Meisch an de rezente Reformen. Mir mussen analyséieren, wat an anere Länner besser funktionéiert, an eis Resultater konsequent international vergläichen.

Mir brauchen eng zilféierend Politik, déi d’Talenter vun de Jonke fërdert!

📢 Eise komplette Communiqué mat allen Detailer an eise konkrete Fuerderunge:https://csj.lu/wp-content/uploads/2026/09/Communique-PISA.pdf

Illustratioun: KI-generéiert.

CSJ & CSV Akademie zu Lëlz um Stau 🫶☀️Zwee Deeg mat Workshops, Sport, politeschen Diskussiounen a ganz vill Spaass - ënn...
05/09/2026

CSJ & CSV Akademie zu Lëlz um Stau 🫶

☀️Zwee Deeg mat Workshops, Sport, politeschen Diskussiounen a ganz vill Spaass - ënner anerem zesumme mat eisem Premierminister Luc Frieden a mam Clara Nathusius

Mam Premierminister op de Stau! Mell dech elo u fir eis Summerakademie zesumme mam Luc Frieden ☀️👉 Link an der Bio.
14/08/2026

Mam Premierminister op de Stau! Mell dech elo u fir eis Summerakademie zesumme mam Luc Frieden ☀️

👉 Link an der Bio.

CSJ um CSV Summerfest 😎
10/07/2026

CSJ um CSV Summerfest 😎

✍️Den Tripartitesaccord ass ënnerschriwwen
08/06/2026

✍️Den Tripartitesaccord ass ënnerschriwwen

Adresse

Luxembourg

Téléphone

+3522257311

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque CSJ publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à CSJ:

Raccourcis

Partager