22/03/2026
🚨 Diesel iwwer 2 Euro – Wien profitéiert wierklech? 🚨
Haut ass en historeschen Dag, awer kee fir ze feieren. Fir d’éischt Kéier huet den Diesel d’Grenz vun 2,00 €/l iwwerschratt. Bannent nëmmen engem Joer ass de Präis ëm 57 Cent pro Liter geklommen (+40%!).
Während Dir beim Tanken de Portemonnaie eidel gemaach kritt, reiwen d'Ueleggesellschaften an de Staat sech d'Hänn. Wousst Dir, datt de Staat dëst Joer ronn 123 Milliounen Euro méi u Steieren anhëlt wéi d'lescht Joer?. Nëmmen e klengen Deel dovun kënnt duerch d'CO2-Steier. De Rescht? Dat ass eng "heemlech" Erhéijung duerch d'TVA. Wat de Präis méi klëmmt, wat de Staat méi vum Bierger profitéiert – ouni datt doriwwer am Parlament gestëmmt gouf.
Ass et fair, datt de Staat an d’Uelegmultien sech un der Kris beräichert, während d'Leit net méi wëssen, wéi se d'Enn vum Mount packen?
💬 Wat mengt Dir? Soll de Staat d'TVA op Sprit temporär erofsetzen fir d'Bierger ze entlaaschten? Oder solle mer e Präisdeckel aféieren? Schreift et an d'Kommentaren! 👇