Léon Gloden

Léon Gloden Ministre des Affaires intérieures / Minister for Home Affairs / Luxembourg 🇱🇺🇪🇺

💐🌹 „Ni méi!“ Viru genee 84 Joer, den 30. August 1942, gouf d’Zwangsrekrutéierung am besate Lëtzebuerg proklaméiert. Ronn...
30/08/2026

💐🌹 „Ni méi!“

Viru genee 84 Joer, den 30. August 1942, gouf d’Zwangsrekrutéierung am besate Lëtzebuerg proklaméiert. Ronn 10.200 jonk Lëtzebuerger tëscht 18 a 24 Joer goufe an déi däitsch Wehrmacht agezunn.

📆 Haut hu mir den Lëtzebuerger Jongen a Meedercher geduecht, déi ënner der nationalsozialistescher Besatzung gelidden hunn an ënner Drock de Choix hu missten maachen fir e Régime ze schaffen an ze kämpfen deen hier Heemecht besat hat.

🇱🇺 Am Numm vun der Lëtzebuerger Regierung, ass et eis gemeinsam Verantwortung, dofir ze suergen, datt d’Erënnerung net nëmmen e Geste bleift, mee eng dauerhaft Flicht ass. Mir gedenken net nëmmen der Vergaangenheet, mee setzen eis fir eng Zukunft a Fridden, Fräiheet an Demokratie an.

🙏 E grousse Merci all deenen, déi sech an der Erënnerungsaarbecht engagéieren an dozou bäidroen, datt dëst Kapitel vun eiser Geschicht net vergiess gëtt.

Gouvernement luxembourgeois Ministère des Affaires intérieures Ville de Luxembourg Chambre des Députés Grand-Duché de Luxembourg

17/08/2026
16/08/2026
15/08/2026

🚨De CGDIS - Corps grand-ducal d'incendie et de secours ënnerstëtzt déi belsch Pompjeeën am Kampf géint d’Bëschbränn an der Grenzregioun bei Oochen.

Dësen Asaz ass e staarkt Zeeche vu Solidaritéit an Zesummenhalt iwwer d'Grenzen ewech. 🌍

Merci fir äre Courage an äert Engagement!

Kommt gesond vun dësem Asaz zeréck. 🚒
🇱🇺🤝 🇧🇪

Bernard Quintin
Ministère des Affaires intérieures

📅Weekly Recap👉🏻Picadilly 2026👉🏻E-Lake 2026👉🏻Marcel Heinen als neie Schäffe vun der Gemeng Iechternach
14/08/2026

📅Weekly Recap
👉🏻Picadilly 2026
👉🏻E-Lake 2026
👉🏻Marcel Heinen als neie Schäffe vun der Gemeng Iechternach

🎉 Journée internationale de la jeunesse - haut steet eis Jugend am Mëttelpunkt! 🙌Ob als 🧑‍🚒 Pompjee, als👮‍♀️ Polizist, a...
12/08/2026

🎉 Journée internationale de la jeunesse - haut steet eis Jugend am Mëttelpunkt! 🙌
Ob als 🧑‍🚒 Pompjee, als👮‍♀️ Polizist, als🚑 Secouriste, oder am Déngscht vun der Gemeng – all dës Beruffer droen dozou bäi, eis Gesellschaft méi staark a méi sécher ze maachen.

👏 Merci un all déi Jonk déi sech engagéieren, an hiren Deel dozou bäidroen, eist Land matzegestalten.

📆Weekly Recap 👉🏻15 Pompjeeë zeréck aus der Gironde👉🏻Spannend Visitt bei der Police👉🏻Interview mam luxemburger Wort
07/08/2026

📆Weekly Recap
👉🏻15 Pompjeeë zeréck aus der Gironde
👉🏻Spannend Visitt bei der Police
👉🏻Interview mam luxemburger Wort

👮‍♂️Spannend Visitt bei der Police: eng innovativ Formatioun am Beräich vun der forensescher Gesiichtsrekonstruktioun.🔍D...
07/08/2026

👮‍♂️Spannend Visitt bei der Police:

eng innovativ Formatioun am Beräich vun der forensescher Gesiichtsrekonstruktioun.🔍

Dës Technik erméiglecht et, aus engem Skelettschädel e Gesiicht ze rekonstruéieren an onbekannte Verstuerwenen eng Identitéit zréckzeginn.👤

Mat dëser Formatioun, ënnert der Leedung vum Prof. Joe Mullins (George Mason University, USA) baut d'Police eng héich spezialiséiert Kompetenz op a stäerkt gläichzäiteg d'Zesummenaarbecht mat BENELUX a mat der Groussregioun.🤝

Police Luxembourg | Gouvernement luxembourgeois

🧑‍🚒 Eis 15 Pompjeeë vum CGDIS sinn nees aus der Gironde zeréck.No e puer Deeg am Asaz un der Säit vun hire franséische K...
05/08/2026

🧑‍🚒 Eis 15 Pompjeeë vum CGDIS sinn nees aus der Gironde zeréck.

No e puer Deeg am Asaz un der Säit vun hire franséische Kolleegen vum SDIS 57 (Service départemental d'incendie et de secours de la Moselle) an de lokale Rettungsdéngschter sinn si nees gesond a sécher op Lëtzebuerg zeréckkomm. 🚒

Dës Missioun huet nach eng Kéier gewisen, wéi wichteg Solidaritéit, Zesummenhalt a grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht am Déngscht vun der Sécherheet sinn. 🇱🇺🤝🇪🇺

E grousse Merci un all eis Pompjeeën am Asaz, am Ausland an zu Lëtzebuerg. 🙏

Merci och de Pilote vun Aquarius Aerial Firefighting, déi zum Erfolleg vun dëser Missioun bäigedroen hunn. ✈️

***

🧑‍🚒 Nos 15 pompiers du CGDIS sont de retour de Gironde.

Après plusieurs jours d’engagement aux côtés de leurs collègues français du SDIS 57 (Service départemental d'incendie et de secours de la Moselle) et des sapeurs-pompiers mobilisés sur le terrain, ils ont regagné le Luxembourg après avoir apporté leur soutien dans la lutte contre les feux de forêt. 🚒

Cette mission a une nouvelle fois démontré la force de la solidarité européenne et la qualité de la coopération entre les services de secours au-delà des frontières. 🇱🇺🤝🇪🇺

Un immense merci à tous nos pompiers en service à l’étranger et au Luxembourg. 🙏

Nous remercions aussi les pilotes d’Aquarius Aerial Firefighting, qui ont contribué au bon déroulement de cette mission. ✈️

CGDIS - Corps grand-ducal d'incendie et de secours | Gouvernement luxembourgeois | Ambassade de France au Luxembourg

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Léon Gloden publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Léon Gloden:

Raccourcis

Partager