07/09/2026
Bal all zweet Stëmm fir eng riedsextreem Partei.
Dat hunn ech d’éischt emol musse sacken loossen.
Gëschter huet Sachsen-Anhalt also gewielt. D’Wieler an d’Wielerinnen hu sech zu engem erschreckend groussen Deel derfir entscheed eng Partei ze stäerken, déi net just « rieds »* ass, mee déi um extreem riedse Bord agéiert. verfassungsfeindlech ass (also d’Grondrecher vu jidderengem a Fro stellt), déi deemno net just als Protestpartei kann duerchgoen, och wann se sou mecht, wéi wa se géint den Establishment wier an domadden di eenzeg Alternativ zu den « Altparteien ».
Nee, mir schwätzen hei vun enger Partei, déi niewt villem aneren Menschen a Rassen trenne wëll, déi d’Rechter vu Minoritéiten a Leit matt Behënnerung wëll aschränken, déi Rechter fir Auslänner wëll aschränken a Mënschen milliounefach remigréieren wëll, déi d’Fräiheet vun der Konscht aschränke wëll, déi de sou wichtege Bléck op déi Däitsch Vergaangenheet oflenke wëll op eng méi « glorräich » Duerstellung op déi Däitsch Geschicht (you get the point right?).
« Nie wieder ist jetzt ».
2001 war ech mat der Schoul op Auschwitz- Birkenau. Besonnesch schockeiert hu mech déi Reien vu Barraken an deenen Mënschen gestapelt gi sinn (siehe Erënnerungsfoto vun deemools uewen am Bild).
Kaum eppes huet mech a mengem Liewen esou grondleegend geprägt wéi déi puer Deeg. Ech géif behaapten, dass mäin Engagement an dat fir wat ech stinn eventuell net dat wier wat et haut ass, wann ech do nët vrun Aen gehale kritt hätt, wat eng Haassmachinerie alles kann ausléisen, a wat et de Leit deemools u Wëssen, Mënschlechkeet a Courage gefeelt huet, fir den Holocaust ze verhënneren. Haut stinn ech matt Haut an H**r derfir an, dass esou eppes nët méi passéieren soll.
Dass Mënschen haut an ëmmer méi héigen Zuelen als N***s duerch Stied marschéieren an matt hieren Iddien ëmmer méi Leit erreechen ass deemno méi wéi bedenklech a mecht mech carrément traureg.
Jo, den N***smus huet och all déi Joeren weider an eiser Gesellschaft gelodert. Mee ech woen ze behaapten: Soulaang d’Demokratie en erfollegräichen Géigemodele duergestallt huet, vun deem d’Mënschen an der breeder Majoritéit sech konnten eppes Positives erwaarden, war et eben « just » dat: E Gedankegut, wat duerch déi breed Mass vun Mënschen a Schach gehalen ginn ass.
Wat huet also geännert? Villes!
⁃ De Leit geet et net méi sou gutt. Grad a Géigenden wou d’Mënschen sech schwéier dinn um Enn vum Mount nach Geld Rescht ze hunn fir z’iessen an ze hëtzen, ass de Frust grouss. Déi gesellschaftlech Schéier ass ëmmer méi grouss ginn a vill Mënschen hunn d’Gefill, vergiess ginn ze sinn. Dat ass e nahrhafte Buedem fir Riedspopulisten a Faschisten, déi de Mënschen kënnen arieden, Schold un allem wier den Auslänner, deen et ze remigréiere gëllt.
Pour mémoire: D’AfD enregistréiert hieren gréissten Zoulaf grad an deene Géigenden, déi de mannsten prozentualen Auslännerundeel hunn. « Den Auslänner » mag vläit oft als Argument genannt ginn, mee eigentlech musse mer méi déiw kucken:
Ofwenden vum demokratesche Spektrum dinn sech virun allem déi Leit, déi sech wirtschaftlech net gutt stinn an déi verzweifelt no enger Alternativ sichen.
⁃ Eis Medielandschaft huet sech geännert. Wärend Riedspopulisten nach géint d’« Lügenpresse » wiederen a maachen wéi wann se e Maulkuerf géifen ugedoen kréien (Während se op mannst sou vill Screentime kréien wéi déi aner), hu sie selwer grouss Deeler vun der Medienlandschaft a Social Media Plattformen kaf. Sie diktéieren deemno mat hieren Algorithmen wat nach vu groussen Deeler vun der Gesellschaft gesinn a gelies ka ginn, a wat net.
⁃ « Die Grenze des Sagbaren und Machbaren » huet sech no stramm rieds verlagert. Wat vru Joeren nach ondenkbar gewiecht wier, ass haut scheinbar rem « in ». Wiem et schlecht geet ass méi empfänglech fir Messagen an deenen prioritär no ënnen getrëppelt gëtt an Riedspopulisten notzen dest voll a Ganz aus. Wärend se engersäits zwar op « den Establishment » klappen, bréngen se haaptsächlech den Aspekt vun der Ofwertung vun nach méi schwaache Gruppen mat an d’Diskussioun eran. Mat deem Oflenkungsmanöver wou Sënnebéck definéiert ginn, kanaliséieren sie esou reell sozial an wirtschaftlech Ofstiegsängscht a Frustratioun an der Bevölkerung. An amplaatz déi reell Ursaachen ze bekämpfen (ongerecht Steierpolitik, feelend Investitiounen an feelgeleeten Sozialpolitik) gëtt déi ganz Schold op marginaliséiert Gruppen projizéiert: Migranten, Minoritéiten, ,... . Andeems all dës Mënschen als « net derzougehéiereg » definéiert ginn, gëtt déi eege Bubble opgewert. Et fillt een sech endlech rem « zougehéiereg ». Och dat erklärt, wiesou Argumenter do kaum nach ukommen. Et ass dee Prinzip op deem och eng Maga Beweegung opgebaut huet: Matt Merch ënnerstëtzt, kann een do weisen, dass een en Deel vun enger Groupe ass, et gehéiert een derzou, egal op Maga ënnert dem Strëch d’Situatioun fir genee déi Leit nach dramatesch verschlechtert huet.
Wat bedeit dat also elo, wann bal all Zweeten säi Kräiz bei esou enger als riedsextrem agestufter Partei mecht? (An et brauch lo kee mer ze kommen mat « déi Astufung ass näischt Wert, well de Verfassungsschutz wier weisungsgebonnen an politesch net neutral. I call your Bu****it. Jo, de Verfassungsschutz ënnersteet de jeweilegen Inneministerien, MEE eng reng willkürlchen oder parteipolitesch Instrumentaliséierung ass net zoulässeg).
Fir mech steet fest, dass Politik erëm glawhaft gemaach muss ginn. Do si mir all gefrot. Wann bei ville Mënschen d’Roserei méi grouss ginn ass wéi hier Suerg vrum Verfall vun eiser Demokratie, dann hu mer all versot.
Mer sollen och drengend derfir suergen, dass der AfD an Konsorten hier Duerstellung vun der Alternativ fir déi « kleng Leit » entlarvt gëtt. Ofgesinn dovun, dass Mandatairen vun der AfD besonnesch oft derbäi ertappt ginn, Gelder ze mëssbrauchen, an déi eegen Täsch ze wirtschaften an Familljememberen ze beräicheren, dierf een drop hiweisen, dass eng Alice Weidel, fréier Goldman-Sachs Analystin a Millionärin nët wierklech en Aen huet fir déi weltlech Probleemer vu Leit déi Existenzängscht hunn.
A wien jubelt lo mat der AfD?
⁃ En Elon Musk, de räichste Mann vun der Welt, Multimilliardär deen mat sengem Geld ganz elleng kéint den Honger an der Welt eradikéieren, deen sech awer derfir entscheed huet, Plattformen ze kafen fir mat Ligen Falschinformatiounen ze verbreeden an Faschisten weltwäit ze ënnerstëtzen.
⁃ Den Trump a seng Maga Beweegung, déi jo näischt, awer guer näischt fir seng Wieler gemaach huet, an, mit Ansage, säi Land op alle Niveaux’en an eng katastrophal Situatioun bruecht huet.
⁃ Den Orban, Ex-Premier vun Ungarn deen vrun allem wéinst senger héiger Korruptiounsfreedegkeet bekannt ass a Wuelstand vrun allem u Frënn a Famill weidergereecht huet.
Et jubelt grad déi ganz international extreme droite. Deemno feieren grad Milliardären, Oligarchen an autoritär Kräften den angeblechen Opstand géint « déi do uewen ».
The math ain’t mathing folks!
Et geet hinnen eben NET em déi reell Suergen vun de Mënschen. Sie bidden keng Léisungen, déi de Mënschen hier Problemer léisen kënnen. Wéi och?
⁃ Haass bezuelt kee Loyer.
⁃ Ausgrenzung schaaft keng Aarbechtsplaatzen (grad a ländleche Gebidder wou main d’oeuvre drengend gebraucht gëtt, verjoen sie en plus jiddereen, dee net dem Leitbild vum gudden heteronormativen wäissen Matbierger passt).
⁃ Sech u Reeboufaarwen ofreagéieren ass och alt net grad erwuessen a léist keng Problemer.
⁃ Hetz géint Migranten sanéiert kee Gesondheetsystem (Spoiler Alert: Quasi all Gesondheetssystem ass vun Awanderer ofhängeg!)
Et muss also derfir gesuergt ginn, dass des Art Politik ze « maachen » nët méi op fruchtbare Buedem fällt.
A mir mussen derfir suergen, dass e wichtegen Deel vun eiser demokratescher Ëffentlechkeet déi zur fräier Meenungsbildung bäidréit nët méi duerch Tech-Entreprisen an deenen hier Algorithmen definéiert ginn. Och dat ass entretemps zu enger Muechtfro ginn: Wien kann iwwerhaapt nach Menschen mat Messagen erreechen? Zur Zeit hunn Multimilliardären do d’Nues vir. An sie ënnerstëtzen eben net déi demokratesch Strukturen.
Also jo: demokratesch Politik huet zevill Mënschen enttäuscht. An jo: Ëmmer méi Mënschen fillen sech ofgehängt an hunn Vertrauen verluer. An natierlech mussen och mir Greng eis der Fro stellen, wou eis Politik an eis Messagen d’Mënschen net erreecht hunn.
A grad mir Greng mussen hei eng stabil Stëmm bleiwen, och wann verschiddener aus dem ganz riedse Spektrum net midd ginn, eis ausgrenzen ze wëllen…
(Spoiler Alert #2: Wien aner Meenungen (och wann se minoritär sinn) wëll ausschléissen well se em net passen, dee beweegt sech schon um ganz riedse Bord, an dee brauch mer net ze schreiwen « dir bezeechent souwiesou jiddereen deen net sou denkt wéi dir als Rieds ». —> Nope: geféierlech rieds bass de ab deem Moment, wous de aner Meenungen wëlls ënnerdrécken wells de dech net méi dem demokrateschen Discours wëlls stellen.)
Déi demokratesch Parteien mussen endlech erem derfir suergen, dass manner Leit d’Gefill hunn, Verléierer vun deser Gesellschaft ginn ze sinn. Dass Aarbecht jidderengem e gutt LIewen erméiglecht a Kanner eng fair Chance kréien als wertvollen Member vun der Gesellschaft grousszeginn. Dass Wunnen bezuelbar ass. An iergendwéi och, dass d’Mënschen eben net konsequent mussen Angscht vrun all Zort vu Verännerung hunn, well se lo scho kaum iwwer d’Ronne kommen a sech net virstellen kënnen, wéi se dat an Zukunft sollen hikréien.
Ech wärt op alle Fall weiderhin derfir astoen, Verännerung ze wëllen an dat och auszeschwätzen: Greng Politik ass net Radikal, ideologesch oder als wat och emmer se gär fälschlecherweis bezeechend gëtt:
D’Virstellung, das all Mensch mat Respekt soll behandelt ginn, ass net radikal.
D’Erwaardung, dass mer all sollen respektvoll matenaner a mat eiser Emwelt sollen ëmgoen ass och net radikal.
De Constat, dass eis Ressourcen op desem Planéit endlech sinn, ass net radikal.
De Wonsch no enger fairer Gesellschaft ass net radikal.
D’Bestriewen no enger Emwelt am Gläichgewiicht, déi eist Iwwerliewen ofsechert, ass net radikal.
An d’Iwwerzeegung, dass mer als Mënschen eist Liewen net sollten an engem Hamsterrad verbrenge mussen wärend e puer Màächteger ëmmer méi räich ginn a mat eise Ressourcen spillen ass och net radikal.
Ech wëll Verännerung! Keng réckwärtsgewandte Verännerung an eng vermeintlech besser Vergaangenheet, mee eng Verännerung hin zu enger Situatioun wou mer all dru schaffen dass mer als Gesellschaft insgesamt méi ze gewannen hunn, wéi ze verléieren. Ech wëll eng gesellschaftlech Verännerung an där mer rëm virenaner astinn amplaatz eis géigesäiteg ze zerrappen. A wou mer rem bereed sinn, fir dat Schéint an dat Mënschlecht ze kämpfen.
Ech wënsche mer eng Situatioun wou Leit rem kënnen dru gleewen, dass Politik vu Mënschen fir Mënschen gemaach gëtt. Politik soll erëm déi Plaatz ginn, wou Mënschen zesummen e Kompromëss fannen doriwwer, wéi se a Fridden zesumme liewe wëllen a wéi se Ressourcen wëllen fair verdeelen. Friddlech. Ouni anerer ze diskreditéieren. Glawhaft. Ouni Haass.
Ech wëll, dass mir Alliéierter fannen, déi matt Haltung a Freed um Handelen, souwéi aus enger éierlecher Undeelnam eraus Politik maachen.
D’Demokratie ass net verluer. Mee se verdeedegt sech och net vun elleng!
Loosst eis deemno dervir suergen, dass se glawhaft bleiwt an Vertrauen generéiert.
DENN NIE WIEDER IST JETZT!
*Zum Thema « Rieds: Rieds ass fir mech eigentlech kee Schimpfwort. « Rieds » Politik ass (ganz vereinfacht erofgebrach) breedgefächert, situéiert sech rieds vun der politescher Mëtt an steet fir eng éischter konservativ politesch Haltung déi geprägt ass vu méi « traditionelle » Werter). Des Werter an Gesellschaftsbiller si net forcément méng, mee ech kann unerkennen, dass des sech am demokratesche Spektrum beweegen an domadden en wichtegen Deel vun eisem demokratesche Mateneen duerstellen.
Vu wat mer hei schwätzen ass extrem rieds. Dir wesst schon. Dat Gedankegut wat och an de 40er Joeren héig am Kurs war).